Dat klengt Duerf Äischer fënnt een ageloss am Klierfdall, ëmfaasst vu bewuessene Bëschkämm.

Als fréier Herrscherresidenz gëtt Äischer duerch seng schmuel Gaassen an dat aalt Schlass charakteriséiert. D’Schlass, fréiert Herrschaftshaus vun der Adelsfamill "von Enschringen", leider nëmme vu baussen ze besichtegen, gouf Enn vum 17. Jorhonnert erbaut a befënnt sech säit langem a Privatbesëtz.

Déi kleng, dem Hl. Laurentius geweite Kierch, op enger klenger Unhéicht geleeën, dominéiert Duerf. Äischer gehéiert zur Por Pënsch, enger vun deenen eelste Poren am Land, a säit der Grënnung 2002 och zum Parverband Kiischpelt. 

Am Duerfagang, aus Richtung Wëlwerwolz komment, zeien eemoleg Gärbereien vun der Liederproduktioun, woumat sech fréier d'Bewunner hiren Ënnerhalt geséchert hunn.

Op der "Lou", an enger Héicht vun 413,8 Meter, net wäit vum Duerf befënnt sech d’Kräizung vum 6ten westliche Längegrad an dem 50ten nërdliche Breitegrad wou een d’Kiischpelter Sonnenauer besichtege kann. Dëst ass deen eenzege Schnëttpunkt um Gebitt vum Grand-Duché.

Am ënneschten Duerf fënnt een d’Rackésmillen, déi letzt intakt Waassermillen un der Klierf. Dës aus dem Joer 1334 staamend Mille gëllt ausserdem als eng vun deenen eelsten am Land.

Entrée vum Schlass

Rackésmillen

 

No Uewen